Archiv

Visite- Cargo Center
02/07/2014Zwou Klassen aus dem Cycle 3 hun de Luxair Cargo Center besicht.
D'Kanner ware begeeschtert..

Ouschteren
12/05/2014Freides virun der Ouschtervakanz hun d’Kanner aus dem Zykel 3.1. Eeër gefierft.
Eis Elterevertrieder waren esou léif an hunn den Ouschterhues gespillt.
Am Nomëtten hunn d’Kanner d’Eeër hannert der Schoul a ronderëm de Scoutschalet gesicht.

Concours - Virliesen
23/04/2014De Cycle 4 huet de beschte "Virlieser" gesicht.
D'Kandidaten aus deenen eenzelne Klassen hun am Hall vun der Schoul en Extrait aus engem selwer gewielte Buch virgelies. E Jury aus alle Klassen huet hir Prestatioun bewert.
An engem zweeten Tour hun déi véier bescht, no kurzer Virbereedung, en onbekannten Text misse virliesen a goufe nach eng Kéier bewert.
Um Schluss hat d'Elisa déi meeschte Punkte gesammelt an huet sech domat fir déi regional Ausscheedung zu Bascharage qualifizéiert.