
Concours - Virliesen
23/04/2014De Cycle 4 huet de beschte "Virlieser" gesicht.
D'Kandidaten aus deenen eenzelne Klassen hun am Hall vun der Schoul en Extrait aus engem selwer gewielte Buch virgelies. E Jury aus alle Klassen huet hir Prestatioun bewert.
An engem zweeten Tour hun déi véier bescht, no kurzer Virbereedung, en onbekannten Text misse virliesen a goufe nach eng Kéier bewert.
Um Schluss hat d'Elisa déi meeschte Punkte gesammelt an huet sech domat fir déi regional Ausscheedung zu Bascharage qualifizéiert.