Zum Hauptinhalt springen
Login search-icon

Bicherwoch vum 13.-17. Mee

22/04/2013

Während enger Woch dréint sech an de Schullerschoulen alles ronderem d’Buch. Während der Bicherwoch geet et drëms nei Bicher, Texter a Schrëftsteller kennenzeléieren a sech mat hinnen auserneen ze setzen.

Daat maachen di Schuller Schoulkanner andeems si liesen, vierliesen, viergelies kréien, nosichen an awer och selwer erfanne, schreiwe, bastelen a molen.
Natierlech beschränkt daat Ganzt sech ob Kanner- a Jugendliteratur.
Folgend Aktivitéite gin ugebueden:
 Liesunge vu lëtzebuerger Auteuren:
 Andrée Star (Méindes Cycle2)
 Nicole Paulus (Dënstes Cycle3)
 Vanessa Staudt (Donstes Cycle2)
 Jhemp Hoscheit (Donstes Cycle4)
 Mireille Weiten-de Waha (Freides Cycle1)
 Bastelaktivitéiten
 Illustratiounen
 Molconcours
 Liesunge vu Kanner fir Kanner
 Klasselektüren, Hörtexter
 Recherchen iwwer, a Kenneléiere vun Auteuren
 asw…
D’Eltere vun der A.P.E.E.F. (association des parents d’élèves de l’école fondamentale de la commune de Dippach a.s.b.l.) ënnerstëtzen eis mat engem Don vun 2000 Euro fir datt nei Bicher an d’Bibliothéik derbäikommen.


Fotoe vun den Aktivitéiten