Archiv

Coupe scolaire
06/06/2007D'Coupe Scolaire fir d'5. a 6. Schouljoer zu Schuller fënnt den 8. Juni statt.
Wéinst dem Passage vum "Tour de Letzebuerg" am fréie Nomëtteg, huet de Parcours duerch d'Duerf missten op Moies verluegt ginn. De Programm ass elo folgenden:
- Theorie:Déi eenzel Klassen maachen déi theoretesch Epreuve am Laf vum Daag
- De Geschéckerlechkeetsparcours gëtt am klengen Haff ogeriicht. D'Klassen hun jeweils 45 Minutten fir ze üben an d'Epreuve ze maachen.
- De Parcours duerch d'Duerf as tëschent 9.00 an 11.45 Auer. D'Kanner starten an engem Intervall vun enger Minutt.
Wéinst der Sécherheet vun de Kanner gëtt rue de l'Eglise an de Parking virun der Spillschoul tëschent 11.30 an 14.30 ganz gespaart. Mir bieden d'Elteren dat ze respektéieren.
Mir soen am Viraus der Elterevereenegung, de Pompieren, der Police an der Equip vun der Gemeng Merci fir hir Mathëllef.

Velostour 2007
25/05/2007De Velostour 2007 fir d'Klasse vum 6. Schouljoer fënnt dëst Joer vum 19. bis 21. Juni statt.
Den Tour féiert vu Stengefort iwwer Veianen - Iechternach - Waasserbëlleg bis op Schengen

Trainingsparcours mam Velo
22/05/2007E Freiden, 25. Mee
maachen d'Schüler vum 6. Schouljoer am Nomëtten e klengen Trainingsparcours mam Velo.
Casque as obligatoresch!
Mir maachen och e puer Geschéckerlechkeetsübungen fir d'Coupe Scolaire